Career Upgrade

Create your future: Gëff Daachdecker!

Déi beschte Vue? Déi huet ee ganz uewen! D’Daachdecker hunn DEN Iwwerbléck a suergen dofir, dass mir en uerdentlechen Daach iwwert dem Kapp hunn. Souguer an Extremsituatioune sprangen si fir eis an, #Tornado.

Handwierk – Mir bauen d’Zukunft!

Als Daachdecker schafft een un der frëscher Loft an et gesäit ee Lëtzebuerg aus enger komplett anerer Perspektiv, nämlech vun uewen. Den Daachdecker deckt d’Diecher mat deene verschiddenste Materialien an, këmmert sech ëm den Entretien an d’Flécke vum Daach, verkleet Fassaden, Kamäiner an installéiert Daachfënsteren a Blëtzschutzariichtungen. Um Enn vum Dag genéisst dëse Profi net nëmmen de Bléck op den Horizont, mee op dat, wat hie geleescht huet.

Als Daachdecker kënnt et esouwuel op den individuellen Asaz un, dorop, wéi ee säin Optrag beschtméiglechst léise kann, wéi och op Teamwork, wat hei ganz wichteg ass. Um Daach muss een sech op seng Aarbechtskolleege verloosse kënnen. Typesch fir dëse Beruff ass seng Villsäitegkeet: All Dag steet ee virun neie Cliente, neien Aufgaben, neie Challengen. An d’Konscht vun der optimaler Dachandeckung, op deenen ënnerschiddlechste Chantieren, mat deene verschiddenste Materialien, well geléiert sinn. De schéinste Merci, wann een dës bewältegt huet, ass d‘Dankbarkeet vun de Cliente.

Och wann de Beruff vum Daachdecker op eng laang Traditioun zeréckkuckt, huet en sech der Digitaliséierung net verschloss. Au contraire, hei komme beispillsweis Tablets zum Asaz, op deenen sech d’digital Pläng vun engem Daach befannen. Och Drone ginn ëmmer méi oft als Hëllefsmëttel um Chantier benotzt. Dës maache Fotoe vun den Diech oder Tierm an hiren eventuelle Schied, a ginn de Profien en Iwwerbléck, ouni dass dës eng Stee montéieren oder op den Daach klamme mussen.

Fir Daachdecker ze ginn, brauchs du also e gewëssent Talent an e fachlecht Knowhow. Dëst kanns du dir an enger Léier uneegnen. An dono mat denger Meeschterkaart (Brevet de Maîtrise) an der Täsch, kanns du esou guer däin eegene Betrib opmaachen a selwer jonk Talenter ausbilden. Wann s du also schwindelfräi genuch a prett fir deng Zukunft bass, da pack elo mat un!

 

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

 

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog