Career Upgrade

Create your future: Gëff Bäcker-Pâtissier!

Du bass frou mat Surprisen, an iwwerraschs gäre? Als Bäcker-Patissier kanns Du dat du mat denge Kuchen op Hochzäite maachen, Gebuertsdeeg an aneren flotten Evenementer.
Du mëss ville Leit domat eng grouss Freed. An souguer am Alldag suergs du mat Denge Mëtschen & Co. fir e bessere Start an den Dag!

Handwierk - Esou schmaacht däin Dag!

Jo, als Bäcker-Pâtissier muss ee frei opstoen. Mee: Ween frei ufänkt, huet och frei Feierowend! An der Bakstuff preparéiers du verschidden Zorte vun Deeg, forms a baaks en, an zum Schluss gëtt dekoréiert. Heibäi zielt net nëmmen däi Geschéck, mee och deng Kreativitéit. Anescht wéi a villen anere Beruffer hues du hei d’Méiglechkeet, individuell Kreatioune ze gestalten. Kee Brout, kee Kaffiskichelchen a kee Kuch ass wéi deen aneren – en handwierklechen Produit eben!

Trotz enger enormer Traditioun ass de Bäcker- a Pâtissiersberuff awer net stoe bliwwen, am Géigendeel, e gëtt ëmmer méi modern! Vollautomatesch Bakiewen, Kniet- an Ausrullmaschinnen huelen engem am Alldag vill schwéier kierperlech Aarbecht of: D’Digitaliséierung feiert ausserdeem dozou, dass d’Maschinne ënnert anerem zäitlech programméiert kenne ginn an esou zum Beispill d’Léierbouwen a -meedercher haut net méi esou fréi ufänken mussen mat schaffen (wéi dat fréier nach de Fall war).

 Wouhin dech eng Formatioun als Bäcker-Patissier brénge kéint? Eigentlech iwwerall hin! Du kanns genau esou gutt an engem klenge Betrib schaffen wéi an der (Liewensmëttel-)Industrie. Och enger internationaler Karriär steet näischt am Wee: Verschidde Restauranten an Hoteller ronderëm de ganze Globus sichen talentéiert Leit, fir hire Gäscht déi herrlechsten Dessertskreatiounen ubidden ze kënnen.

En plus kéint d’Meeschterprüfung als Liewensmettelhandwierker e Karriärssprangbriet fir dech sinn, fir esou e Responsabilitéitsposten ze iwwerhuelen oder esouguer däin eegene Betrib ze grënnen. Weiderféierend Studien am Beräich Ernierungswëssenschaften oder Liewensmëtteltechnologie sinn och net ausgeschloss.

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn 

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog