Career Upgrade

Create your future: Gëff Maschinnebaumechaniker !

Du schaffs gäre mat Metall a Maschinnen? Als Mecanicien baus du nei Stécker an Apparater an depanéiers och d’Clienten, wann mol eppes futti geet.   

Handwierk - Mir dinn et rullen! 

Als Mecanicien schaffs du mat Réimaterial a kreéiers Deeler oder direkt ganz Maschinnen doraus, déi herno vun de Cliente gebraucht ginn. Heifir muss du gutt am logeschen Denken esou wéi am techneschen Zeechne sinn: Als éischt geet et dorëm, e Plang opzestellen, wat haut meeschtens schonn digital passéiert. Mat extra Programmer kanns du deng Pläng direkt am 3D simuléieren an esou gesinn, ob däi Konzept Sënn ergëtt a richteg funktionéiert. Ënner Ëmstänn kanns du deng digital Kreatioun souguer mat engem VR-Brëll aus deene verschiddenste Perspektiven analyséieren. Esou ass et net méi néideg, en deiere Prototyp ze bauen, mee du kanns scho virtuell gesinn, wéi ëmsetzbar deng Iddi ass. 

Wann de Plang bis steet, gëtt konkret geschafft: Et gëtt gebaut, geléit, geschlaff, an dat meeschtens mat Materialie wéi Eisen, Stol, Messeng, Bronze, Koffer, Aluminium oder Plastik. Dono gëtt dat neit (oder gefleckten) Stéck agebaut an iwwerpréift. Wichteg ass natierlech och, sech mat deene bestoenden Normen an der EU auszekennen an dës ze respektéieren. Prezisioun a Konzentratioun si beim Beruff vum Mecanicien immens wichteg! 

Als Mecanicien schaffs du u kuerzen a laangfristege Projeten. Wann eng Urgence dotëschent kënnt an e Client dréngend eppes muss gefleckt kréien, well seng Maschinn steet, muss schnell gehandelt ginn. Hei muss du Flexibilitéit beweisen. Besonnesch flott um Mecaniciensberuff ass, dass du däi Fortschrëtt, deng Resultater, herno mat eegenen Ae gesäis – egal, ob s du eng Maschinn gefleckt, ëm- oder zesummegebaut  hues. 

Mat enger Ausbildung (DAP) hues du eng gutt Qualifikatioun an der Täsch a mat engem Meeschterbréif hues du souguer d’Méiglechkeet, däin eegenen Atelier opzemaachen a jonk Talenter auszebilden. Also, wourop waarts du nach?

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!  

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn  

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog