Career Upgrade

Interview mam Joe Schreiber

De Joe Schreiber ass 19 Joer jonk, geléierten Heizungs- a Sanitärinstallateur a Gewënner vun de Lëtzebuerger Beruffsmeeschterschafte LuxSkills 2018. Felicitatiounen!

Joe, wéi bass du zu dem Beruff vum Heizungs- a Sanitärinstallateur komm?

Mat ongeféier 12 Joer, wollt ech mäin Täschegeld e bësschen opbesseren an hunn mengem Papp am Betrib eng Hand mat ugepaakt. All Dag hunn ech eppes Neies gesinn, ech hat Freed un deem wat ech gemaach hunn an de Beruff vum Installateur huet mir dunn einfach ugefaangen ze gefalen.

Ech sinn och eng Persoun déi gäre Saachen auserneen hellt a montéiert a wou een zum Schluss en konkret Resultat gesäit. Dat ass bei dësem Beruff de Fall. Mat 15 Joer hunn ech dunn decidéiert eng Léier unzefänken.

En anere praktesche Beruff wéi z.B Schräiner hätt mech och interesséiert, mee ech hunn natierlech als Installateur hei am Familljebetrib eng Zukunftsperspektiv. Déi Geleeënheet hunn ech einfach gesinn an esou huet haalt alles zesumme gepasst.

Du hues d’Beruffsmeeschterschaften LuxSkills 2018 gewonnen. Wat huet dech beweegt fir hei matzemaachen?

Virun 2 Joer, wou d’Propose déi éischte Kéier koum fir matzemaachen, wor ech net direkt iwwerzeegt. Mee ech hunn dunn geduecht: firwat et net einfach ausprobéieren, Erfarung sammelen a wësse wéi et ass ënnert Stress an Drock eens gi wärend esou engem Concours.

Wat hues du duerch de Concours geléiert?

Ech hunn ganz vill vu mengem Expert geléiert, dee mech wärend dem Concours begleet huet. Fir dat praktesch Stéck huet mir dunn awer einfach zum Schluss d’Erfarung gefeelt. Dat éischt Joer hunn ech déi 2. Platz bei de Chauffagiste beluecht.
Vum Éiergäiz gepaakt, wollt ech dunn Éischte ginn! 2018 hunn ech nach emol matgemaach a mech do och gutt preparéiert gespuert.

Duerch LuxSkills hunn ech immens vill Erfarung gesammelt. Ech hunn geléiert ënnert Zäitdrock ze schaffen, an domat ëmzegoen, dass vill Leit engem nokucke wéi a wat ee schafft. Dat setzt ee ganz schéin ënnert Drock. Ech hunn mech dunn einfach voll a ganz ob meng Aarbecht konzentréiert, wat mech zum Schluss mat der 1. Platz belount huet.
Ech kann all Jonkem nëmmen uroden esou en Concours matzemaachen. Am September huelen ech och zu Budapest un den europäesche Beruffsmeeschterschaften EuroSkills deel.

Wat sinn soos nach weider Projets vun dir ?

Ech wäert mech dëst Joer umelle fir d’Meeschterprüfung. Dorop freeën ech mech schonn. Dono gesäit een, wéi et weider geet. Mäin Brudder ass um gaangen seng Léier ofzeschléissen - och als Heizungs- a Sanitärinstallateur. Eise Familljebetrib gëtt et elo scho ganzer stolzer 20 Joer, a wien weess, an Zukunft ergëtt sech villäicht emol d’Geleeënheet fir de Betrib ze iwwerhuelen.

Wat géifs du deene Jonke roden, déi nach net wësse wéi en Beruff si wiele sollen?

Ech selwer hunn verschidde Stagë gemaach. An enger Constructiouns Firma, bei engem Chauffagisten an an enger Maison Relais. Duerch Stagë gesäit ee wéi d’Realitéit um Terrain ass. Zum Beispill um Bau gëtt och geschafft wann et schlecht Wieder ass, an dat ass scho munchmol ustrengend.

Et gi Leit déi hunn hir Stäerkten am praktesche konkrete Schaffen an aner Leit si méi staark z.B: an der Theorie a Sproochen. Mat 15 Joer weess en ongeféier wou seng Stäerkte leien a wat engem Spaass kéint maachen. Wann dëst éischter am praktesche schaffen ass, géing ech ëmmer roden eng Leier unzefänken.

Mat enger Léier verléiert ee keng Zäit a sengem Liewen. Wann een ufänkt mat schaffen, verdéngt een eppes an et gëtt een och méi schnell Erwuessen. De Fachkräftemangel deen am Handwierk besteet, gëtt deene Jonken eng reell Perspektiv. Esou huet een am Handwierk mat enger Léier gutt Chancen eng Aarbecht ze fannen.

Wéi kriss du dech motivéiert fir deng Schaff?

Et ginn natierlech wéi bei jidderengem der gudder Deeg an der schlechter. Déi Deeg wou engem alles gutt geléngt schafft een natierlech gären.

Wann ee verschidden Deeg mat Schwieregkeeten ëmzegoen huet, oder et net esou klappt wéi en dat gären hätt, denken ech un d’Resultat, an dass ech dem Client eppes Guddes presentéiere well. Wann de Client zefridden ass, sinn ech och zefridden.

Mir schaffe jo vill hei zu Péiteng, Lamadelaine a Rodange a wann ech da laanscht d‘Haiser fuere wou ech geschafft hunn, a mech enger Erausfuerderung gestallt hunn, sinn ech frou a stolz, do Aarbechte gemaach ze hunn.

Villmools Merci Joe fir dësen Abléck a weider vill Erfolleg fir deng Zukunft.

Résultats

Domaines de compétence

Art et communication, Construction, Mode, santé et hygiène, Mécanique, Alimentation, Catalogue complet