Career Upgrade

Interview mam Gilles Beaume

De Gilles Beaume huet 32 Joer an ass geléierte Schräiner. Fir seng Passioun a säi Beruff ze verwandelen, huet hien en interessante Parcours hannert sech.

Gilles, dir hutt wéi gesot en ganz flotte Parcours hannert iech. Wéi gesäit deen aus?

Ech hunn meng Première A am Kolléisch gemaach an hunn duerno Archeologie a Geschicht studéiert. Wärend dem Studium awer hunn ech dunn gemierkt, dass ech éischter gäre géing eppes “Hands on” maachen, e Beruff ergräife wëllt wou ech duerno och en richtegt konkret Resultat ka gesinn um Enn vum Dag.

Wéi koumt dir dunn ob de Beruff Schräiner?

Schräinerei war ëmmer eppes wat ech ganz interessant fonnt hunn. Mäin Grousspapp (deen ech leider net méi kennegeléiert hunn) war Schräiner, villäicht ass déi Passioun iergendwou verierft ginn. Ech hunn als klenge Bouf ëmmer gäre “gewerkelt“, mäin Papp hat eng relativ flott equipéiert Garage mat allerlee Handwierksgeschir, wat ech dann och vill benotzt hunn. Dat hunn ech ëmmer gäre gemaach. Well ech awer zwee Geschwëster hunn, déi allebéid en akademeschen Ofschloss hunn an och klassesch am Lycée waren, wollt ech mech vun hinnen net all ze weit ewech beweegen. Mee am Endeffekt war et sou, dass ech éischter eppes a Richtung Schräinerei wéilt maachen. Dat ass mir relativ spéit eréischt richteg kloer ginn.

Wéi ass et dunn mat ärem Studium an ärer Iddi de Schräinerberuff ze ergräife weidergaangen ?

Ech hunn mäin Bachelor fäerdeg gemaach well ech mat engem Diplom ofschléisse wollt, an hunn mech dunn informéiert iwwert de Beruff Schräiner bei der Chambre des Métiers an och bei der Beruffsorientéierung. Ech hunn versicht e Patron ze fannen an hunn dunn e klenge Stage gemaach bei enger Schräinerei. Parallel dozou hunn ech och nach en Owescours matgemaach wou ech e klenge Miwwel hiergestallt hunn, an du war d’Saach gelaf, du war ech passionéiert vum Wierkstoff Holz. Dat huet mir immense Spaass gemaach.
Ech hunn esou eng Léier ugefaangen als Schräiner, an direkt wou ech fäerdeg war, ass am Lycée du Nord zu Wooltz en neie BTS Technologie Bois ugebuede ginn. Well ech hei och d’Prérequis‘en erfëllt hat, konnt ech domadder direkt weidermaachen. D’Iddi war vun Ufank un net mat der Léier ofzeschléissen, mee och duerno eng Meeschterprüfung ze maachen. Déi sinn ech och elo am Gaang ze maachen, well den Diplom sech gutt mat dem BTS ergänzt.

Wat war et, dat iech besonnesch um Beruff Schräiner inspiréiert huet?

Holz ass einfach e ganz spezielle Wierkstoff, deen immens villsäiteg ass. Wat ech un der Schräinerei immens flott fannen, ass dass et e kreative Beruff ass. Wann de Client nach net genau weess wat en vu Miwwel well, dann ass een als Schräiner gefuerdert. Et muss een eng Léisung parat hunn. Dat fannen ech flott. Ob der enger Säit soll et säin Zweck erfëllen, et soll nëtzlech sinn, an ob der anerer Säit soll et natierlech och schéin an ästhetesch sinn. Do huet een als Schräiner wahnsinneg vill Gestaltungsméiglechkeeten, dat hunn ech immens interessant fonnt.

Wéi gesäit esou en Dag als Schräiner aus?

Et gëtt eigentlech net en typeschen Dag, de Schräiner ass en immens villsäitege Beruff. Ob de rechnereschen Deel um Büro oder am Atelier oder z.B. ob e Montage ze goen. Ech hat déi grouss Chance an engem méi klenge Betrib meng Léier gemaach ze hunn, an och do elo weiderhin ze schaffen, dat gëtt engem einfach immens vill Méiglechkeete fir vill verschidde Facettë vum Beruff ze gesinn.

Wat mëscht iech dann am meeschte Spaass un ärem Beruff?

Et ginn am Fong zwee Volet‘en déi ech super fannen. Dat eent ass d‘Verschaffe vu Massivholz, éischter klassesch, wat hautdesdaags villäicht ëmmer manner gemaach gëtt, dat fannen ech awer trotzdeem immens interessant. An da gëtt et dee ganz moderne Volet vun der CNC Technologie, domadder huet een eng ganz aner Erugoensweis un de Beruff, an dat fannen ech super passionant fir déi 2 Volet‘en mateneen ze verbannen.

Wat kennt dir jonke Leit roden déi am gaange sinn eng Wiel fir en Beruff ze treffen?

Et soll een ob sech selwer lauschteren, oft ass et esou dass ee vu lenks a riets gedréckt gëtt fir an eng Richtung ze goen, wou dann herno en maximum vu Verdéngscht derbäi eraussprange soll. Dat ass awer net ëmmer fir all Jonken zilféierend oder och sënnvoll. Do ass et besser et lauschtert een do ob sech selwer an et freet een sech ganz seriö : wou gesinn ech mech, wat kann ech gutt, a wat well ech maachen. Dofir géing ech mengen datt et wichteg ass, do ob sech selwer ze lauschteren. De Verdéngscht muss natierlech stemmen, mee et ass och wichteg zefridden ze sinn mat deem wat ee mëscht an dat een dorunner Freed huet, an dat ass mengen ech mat dat Wichtegst wat een engem rode kann.

Wat gëtt iech äre Beruff?

Wat wichteg ass wann ech owes heem ginn, wat verspieren ech dann, sinn ech éischter zefridden oder éischter net. Dat hei ass e Beruff wou ech an deene meeschte Fäll owes zefridden heem ginn. En gëtt mir awer och e gewëssenen Deel un Fräiheet. Wat ech geléiert hunn ass mir eng grouss Hëllef, well ech vill Saache selwer kann maachen, dat kascht mech zwar deementspriechend Zäit, mee ech kann et esou gestalte wéi ech well. Dat ass eng Fräiheet déi dee Beruff an d'Ausbildung mir gëtt, an dat wëllt ech net vermessen.

Gilles, villmools Merci dass dir äre flotte Parcours mat eis gedeelt hutt.

Résultats

Domaines de compétence

Art et communication, Construction, Mode, santé et hygiène, Mécanique, Alimentation, Catalogue complet