Career Upgrade

Interview mam Lisa Welter

D’Lisa Welter huet sech fir de Beruff vun der Esthéticienne no hirer Première am Lycée de Garçons (LGL) entscheet. Hiren interessante Parcours, dee mat engem 1te Präis vun der Promotion du Travail an der Meeschterprüfung ofschléisst, stelle mir iech hei fir.

Dir hutt är Première am LGL gemaach an hutt dono e Studium ugefaangen dat iech net wierklech zefridde gestallt huet. Wéini hutt dir gemierkt, dass dir éischter e praktesche Beruff ergräife wéilt?

Als Kand scho war ech e Mënsch deen ëmmer um gaange war eppes ze kniwwelen. Ech war relativ gutt an der Schoul an no der Primaireschoul gëtt ee jo dann an de klassesche Lycée orientéiert. Ob 6e hunn ech mir allerdéngs scho geduecht, dass ech eppes am Beräich vun de Gesondheets- an Schéinheetsberuffer maache wéilt. Beruffer wéi Coiffer oder Esthéticienne hunn mech deemools schonn interesséiert.

Richteg ëmsetze konnt dir är Passioun fir dës Beruffer awer méi spéit eréischt?

Wärend der Lycéeszäit hunn ech ëmmer nees mam Gedanke gespillt eng Formatioun an dem Beräich vun der Esthétique unzefänken. Allerdéngs hätt ech mech net getraut vun haut ob muer de Lycée opzehalen an eng Léier unzefänken. Ech hätt och net richteg gewosst wéi een e Beruff léiere kéint, well am klassesche Lycée gëtt een net vill iwwert Beruffsausbildung informéiert.

No der Premiere sinn ech dunn, wéi jidderee vu menge Frënn, studéiere gaangen. Hei hunn ech allerdéngs richteg gemierkt, dass ech net zefridde si mat deem wat ech maachen an dass ech de Studium net mat der selwechter Leidenschaft uginn wéi eng Frëndin déi mat mir ugefaangen huet.

Wéi ass et dunn fir iech weidergaangen?

Ech hu mech informéiert wéi ech de Beruff vun der Esthéticienne léiere kéint.
Ech wousst dass ech mat enger Premiere en direkten Accès an d’Meeschterprüfung hätt. Déi praktesch Erfarung vum Beruff huet mir awer gefeelt. Déi hunn ech mir dunn an Däitschland ob enger Schoul ugëeegent. Ech sinn dunn och nach weider ob Paräis gaange fir de Beräich vum Stylisme ongulaire an der Technique du Gel ze verdéiwen.

Den Diplom aus dem Ausland war net tel quel zu Lëtzebuerg unerkannt, also hunn ech mech ob menger éischter Schaff a menger Proufzäit missen ënner Beweis stellen. Ech war motivéiert an hunn vill bäigeléiert, a mëttlerweil schaffen ech 8 Joer an dësem Beruff.

Huet iech äre Choix dëse Beruff ze ergräife verännert?

Jo, ech sinn einfach méi éiergäizeg ginn. Am Lycée hunn ech ëmmer just ob 30 geschafft. Ech hu mäin schoulesche Parcours gemaach awer ech wousst eigentlech net richteg firwat ech d’Schoul géing maachen. Ech hat keng richteg Motivatioun.

Dat huet sech elo komplett geännert. Zum Beispill wéi ech d‘Meeschterprüfung ugefaangen hunn, wollt ech et gutt maachen a war och deementspriechend vill méi opgereegt wéi fir den Premières Examen. Et war mir einfach méi wichteg. Ech wollt et packen well ech dee Beruff wierklech maache wollt.

Ech sinn och elo méi zefridden wéi ech dat nach am Lycée war.

Wann een eppes fonnt huet wat ee passionéiert weess een och firwat een et mécht, an et klemmt een sech derhannert. Fazit ass, dass dir är Meeschterprüfung super gutt gemeeschtert hutt an den 1te Präis krut. Bravo!

Wouzou géingt dir roden, wéi ee villäicht éischter entdecke ka wat een elo wierklech passionéiert?

Als Schüler weess ee villäicht vu sech aus wat engem läit, mee hei gëllt et dann och wierklech ob dat ze lauschtere wat ee maache well. Et ass esou dass een iwwert Stagen am Beschten an de Beruff schnuppere kann. Wa Betriber nach méi Schnupperstagen ubidde géifen wier dat flott.

Wichteg géing ech et och fannen, dass de klassesche Lycée sech opmécht fir Handwierksberuffer de Schüler virzestellen, eventuell als Optioun, wou Leit aus dem Beruff an d’Schoul kommen an d’Schüler sech mat dësen austausche kennen.

Wat muss ee fir äre Beruff matbréngen an ären Aen ?

Fir dee Beruff ass eng gutt Kommunikatioun an eng gutt Relatioun mam Client ganz wichteg. Dofir sollt een ob mannst eng Affinitéit hunn. Et ass natierlech net einfach wann ee 16 Joer huet, fir mat de Clienten e Gespréich unzefänken iwwert enger Manikür z.B. Dat kennt awer mat der Zäit. Et kritt een e Feeling wéi een ob de Client agoe kann. Bei dësem Beruff entwéckelt een sech vill weider, och wat engem säi perséinlechen Développement betrëfft.

Wéi gesäit esou en Dag am Institut aus ?

An engem Institut ass et ganz schéin ofwiesslungsräich. Mol huet een eng Massage, e Soin Visage oder e Soin corporel ze maachen. Dëst kann vun engem Soin relaxant bis hin iwwert e Soin Prevention Anti-âge, oder iwwert Hautproblemer an d‘Beroodung vu Produiten goen. Oder awer et mécht een dem Client eng Manikür oder eng Pedikür.

Ech maachen all Aarbecht am Prinzip gären, eng kleng Preferenz hunn ech awer fir de Soin Visage, hei kann een de Client esou richteg gutt verwinnen.

Et huet een natierlech och Deeg wou et net esou gutt leeft, an een sech iergert. Do bleift een natierlech ëmmer professionell a frëndlech. Allerdéngs ginn et esouvill flott Momenter, dass déi iwwert e schlechten Dag ewech hëllefen.

Wat gëtt iech äre Beruff ?

Ech fannen et schéin, Clienten ze gesinn déi sech bis elo nach net vill mat dem Thema Soins befaasst hunn, déi dann en Institut fir sech entdecken. Zefriddenheet vum Client, dat Gefill vu Wuelbefannen an Entspanung wat de Client mathëlt no engem stressegen Dag, dat ass meng Satisfaktioun. Wann de Client dann zeréck kennt an dann e Rendez-vous bei engem perséinlech freet, dat ass schonn immens schéin. Esou gëtt de Feedback deen ech vu menge Clienten kréie mir fir mäi Schaffe Selbstsécherheet.

Duerch de ville Kontakt mat de Clienten gëtt ee selwer no enger Zäit méi selbstänneg an et geet ee méi oppen op Leit duer. Dat bréngt engem perséinlech vill, niewen der Zefriddenheet am Beruff.

Wéi geet et dann elo weider mam Brevet de Maîtrise an der Täsch, heimadder kënnt dir iech jo selbstänneg maachen.

Jo, mam Brevet de Maîtrise gi mir einfach nei Méiglechkeeten op. Ob méi Verantwortung am Institut iwwerhuele kennen, oder villäicht esouguer e méi en héije Responsabilitéitsposte kréien. Hei gëtt et de Moment nach kee konkrete Plang awer mat enger Meeschterprüfung stinn engem d‘Dieren op, och an Selbstännegkeet, a perséinlech war et mir wichteg den héchsten d‘Diplom a mengem Beruff ze hunn.

Villmools Merci fir dëse flotten Abléck an alles Guddes fir är Zukunft.

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog