Career Upgrade

"Perspektiv Handwierk" @ Schools

All Dag notzen a benotze mir Produiten a Servicer, déi vun Handwierksbetriber hiergestallt oder ugebuede ginn. Sief et de Croissant moies beim Kaffi, de Brëll dee mir op der Nues hunn, d'Frisur, d’Haus an deem mir wunnen, de Vëlo, den Auto de Bus, déi eis als Fortbeweegungsmëttel ënnerstëtzen.

Zu allem hunn Handwierker hire Bäitrag geleescht. D’Handwierk befënnt sech matzen an eiser Gesellschaft an ass DE Partner, wann et ëm d’Schafe vun Iddien an Innovatiounen, Aarbechts- an Zukunftsperspektiven, Zefriddenheet a Stolz duerch d’Hierstelle vu konkrete Produite geet.

Mat ronn 8.000 Betriber a 99.500 Leit, déi an dësem Beräich schaffen, ass d’Handwierk den éischten Employeur am Land a mat iwwer 1.800 Persounen, déi eng Léier maachen, den Haaptformateur zu Lëtzebuerg! D’Handwierk representéiert 21 % vun alle Betriber an 21 % vum gesamten Emploi am Land, an ass soumat e wichtege Pilier vun enger effikasser an nohalteger Wirtschaft zu Lëtzebuerg.

Déi Jonk sinn sech net ëmmer dëser Vilfalt vu Beruffs- a Karriärsméiglechkeeten am Handwierk bewosst. D‘Chambre des Métiers bitt mam "Perspektiv Handwierk" eng Plattform fir Schüler, Enseignanten a Eltere mat Austauschméiglechkeeten zum Thema un, a wëll esou fir d’Handwierk an seng Beruffer begeeschteren.

Ziler:

  • D'Beruffer, d‘Zukunftsperspektiven an d‘Karriärsméiglechkeeten am Handwierk kenneléieren
  • Wäertschätzung fir d'Handwierk a seng villfälteg Tätegkeetfelder, als Kär vun der Entwécklung vun eiser Gesellschaft erkennen
  • Ausbildungs- an Weiderbildungsméiglechkeeten am Handwierk verstoen
  • D‘berufflech Zukunft, duerch e bewosstere Choix, wielen kënnen

Zilgruppen: 

6e/5e Klassen, 2e/1ière Klassen 

 

Gäre komme mir bei iech an d'Schoul a stellen iech dëse flotte Secteur mat senge Méiglechkeeten vir.

 

Schreift iech iwwer dëse Formulaire hei fir eis Séancen an de Lycéen an

(Iwwert dëse Formulaire kënnt dir och eis verschidden Informatiounsbroschüre fir är Schoul bestellen)

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog