Career Upgrade

Interview mam Nello Tescari

De Nello Tescari ass am Lycée Technique Bouneweg a mécht eng Léier als Schlässer. Hien ass begeeschtert vu sengem Beruff.

 

Nello, ab wéini wosst du, dass du wéilts Schlässer ginn?

Vun Klengem un wollt ech kee Bürosjob maachen an ab der 5ième hunn ech du e Stage vun enger Woch an enger Schlässerei gemaach. Dat huet mir gutt gefall. Et huet mir och Spaass gemaach a Beweegung ze sinn, ech hunn ni gäre laang anzwousch gesiess. Dozou muss ech och soen, dass ech eng Passioun fir d’Siderurgie hunn.

 

Wéi äussert sech deng Passioun zum Schlässer-Handwierk?

Ech sinn duerch an duerch en Handwierker. Ech hunn lauter Projeten um lafen an hunn och en Atelier doheem. Am menger Fräizäit sinn ech zum Beispill aktiv am Ferroforum zu Schëffleng. Dëst ass eng ASBL fir Leit déi sech fir d’Siderurgie begeeschteren oder och am Handwierk bäiléiere wëllen. Zil ass et, dass mir en Zentralatelier vun der Schmelz esouwäit erëm opriichten, dass mir interesséierte Leit do weise kënnen, wei een z.B. Metaller ob verschidden Aart a Weise beaarbechte kann.

 

Wei bass du zu der Leidenschaft am Handwierk komm?

Dat huet ganz vill mat mengem Bopa ze dinn. Hien huet ëmmer all déi Saachen déi hie konnt, selwer gebaut an hien huet och als Schmelzaarbechter geschafft. Vun Klengem un, huet hie mir ëmmer alles Handwierkleches gewise wat hie konnt. Mir hu vill zesumme geschafft an och elo nach, schaffe mir zesummen. Elo hëllefen ech him allerdéngs bei deene ganz schwéiere Saachen, wéi zum Beispill Bëtongssteng setzen, wann mir eng Dréchemauer bei mir doheem setze fir en Hochbeet ze maachen.

Ech hunn säin Engagement a Leidenschaft iwwerholl. Wat mech um Handwierk begeeschtert ass, dat ee selwer ka Saache maachen. Et mécht mir Spaass sech ze beweegen an eppes ze beweegen, da gesäis de och däi Resultat. Dat ass ganz schéin ze gesi wann ee selwer eppes gebaut huet.

 

Et gi jo eng Villfalt un Handwierksberuffer, firwat hues du de Schlässerberuff gewielt?

Ech sinn immens begeeschtert vun der Lëtzebuerger Siderurgie. Ech sammelen alles vun der Arbed an de Minnen. Deen éischte vu menger Famill, deen hei op Lëtzebuerg aus Italien agewandert ass, huet an der Minn geschafft. Meng Virfaren haten all eppes mat Eisen ze dinn, op als Schmelzaarbechter oder als Minnenaarbechter. Och aus Traditioun maachen ech dat elo an deem Beräich weider.

An ech wollt och richteg schweesse léieren.

 

Wat géifs du Jonker roden, déi elo nach net wësse wat se maache wëllen?

Iwwerleet iech e Beruff wou dir Spaass drun hutt, well et ass awer eng Zäitche wou ee schafft an et ass zimmlech laang wann een all moies flemmseg ob d’Schaff geet.

Jidderee kann iergend eppes gutt an et muss een ebe säin eegent Talent fannen.

Et muss een och net säi Liewe laang dat selwecht maachen, wann een eppes geléiert huet, mee et kann een och eppes anescht nach maachen.

 

Wéi kriss du dech motivéiert?

Ech kréie mech motivéiert an deem ech weess, dass ech “nëmmen am positive Sënn” ëmmer kann bäiléiere, fir dono eppes nach besser maachen ze kënnen. Am allerléifste schmëdden ech, dat fannen ech immens. Et huet ee mat engem geléierten Handwierksberuff eng Kompetenz fir d’Liewen, et kann een eppes.

Och Teamwork ass grouss geschriwwen. Et kann net jiddereen alles, et muss een sech ëmmer Leit am Liewe sichen déi ee weiderbréngen.

 

Wat gëtt/bréngt dir däin Handwierk?

Vun Klengem un huet mir schaffen ëmmer Spaass gemaach. Ech gi selten an d’Vakanz mee schaffe riicht duerch u menge verschiddene Projeten.

Ech sinn am léifsten all Dag beschäftegt a muss wësse wat ech ze dinn hunn.

Ech brauch en Zil op dat ech hischaffe kann. Dat mécht mech zefridden.

 

Wéi geet et fir dech no der Léier weider?

 Fir de Moment ass nach net riets iwwert d’Meeschterkaart, dat kucken ech wann ech meng Léier fäerdeg hunn.

 

Villmools Merci fir dëst flott Gespréich.

 

Résultats

Domaines de compétence

Art et communication, Construction, Mode, santé et hygiène, Mécanique, Alimentation, Catalogue complet