Career Upgrade

Create your future: Gëff Zänntechniker!

Du fills de Leit gären op den Zant? Als Zänntechniker këmmers du dech dorëm, dass d‘Patienten e perfekt Laachen hunn!

Handwierk – Mir setzen Trends!

Brécken, Fëllungen, Implantater, Krounen, Gebësser, Zännspaangen – Als Zänntechniker kreéiers a reparéiers du Protheese fir Patiente vun Zänndokteren, mat deenen s du am Team zesummeschaffs. Den Zänndokter hëlt e Gebëss- oder Kiferofdrock, entweder klassesch mat Alginat oder mat enger intraoraler Kamera. Op dëser Basis gëtt den Ofdrock am „Laboratoire dentaire“ mat Gips oder am 3D-Drock hiergestallt.

Als Zänntechniker schaffs du mat ville verschiddene Materialien – zum Beispill mat Goldlegéierungen, Zirkon, Keramik oder Plastik. Fir dës ze verschaffen, däerfs du keng Kontaktallergien hunn. Fir déi verschidde Materialien ze verschaffe, gi Modeléierinstrumenter, Mikromotoren, Scanner a Fräsen agesaat. De „Feischlëff“ gëtt ëmmer nach manuell gemaach. Hei muss du vill Gedold an eng roueg Hand beweisen, fir dass d‘Prothees spéider och perfekt passt.

Du muss oppe vis-à-vis vun neien Technologien an Aarbechtsmethode sinn an dech mat dësen ausenanersetzen. Grad am medezinesche Beräich entwéckelt sech d’Technologie immens schnell. Et komme permanent nei Materialien, nei Computerprogrammer a Scanner op de Marché. Och Zännprotheesen aus dem 3D-Drécker sinn en Thema.

Als Zänntechniker muss du e gutt Verständnis vun der Technik an der Medezin hunn. Bei déi wëssenschaftlech Kompetenze kommen och artistescher dobäi. Bei enger Zännprothees ass et net nëmme wichteg, dass se gutt funktionéiert, mee Phonetik an Ästheetik mussen och stëmmen. Deng Kreativitéit ass gefrot, fir dass d’Team „Zänndokter-Zänntechniker“ d’individuell Wënsch vun de Patienten erfëlle kann.

An dësem Beruff kanns du eng klassesch Ausbildung (DAP), an och e Meeschterbréif maachen, wat bedeit, dass du selbststänneg ginn a selwer nei Zänntechniker ausbilde kanns. Wann s du dech dono nach a Frankräich oder Däitschland weiderforméiere wëlls, kanns du esouguer drun denken fir net nëmmen Protheesen fir d’Zänn, mee fir alles, wat d’Gesiicht betrëfft, ze entwéckelen. Am Beräich vun der „Epithetik” modeléiers du esou fir Leit, déi schwéier krank sinn oder e schwéiert Accident haten, Gesiichtsprotheesen – eng immens wichteg, spezialiséiert an aussergewéinlech Karriär, mat där s du och am Ausland Fouss faasse kéints!

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

· Berufflech Ausbildungen

· Karriären am Handwierk

· Meeschterprüfung

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog