Career Upgrade

Create your future: Gëff Usträicher!

Du bréngs gäre Faarf an d’Spill? Dann ass Usträicher de perfekte Beruff fir dech! Usträichen, lackéieren, tapezéieren – Als Usträicher an Dekorateur beréits du d‘Cliente bei Ariichtungsfroen an hëllefs hinnen, hiert Doheem ze verschéineren.

Handwierk – Mir bauen d’Zukunft!

Freier oder spéider gëtt et an all véier Wänn Zäit fir frësche Wand, egal op an engem Privathaus oder an engem kommerzielle Gebai. Bei engem „Makeover“ sinn d’Usträicher gefrot. An hirem Handwierksberuff geet et nämlech em vill méi, wéi just ëm d’Usträichen an Tapezéieren: Als Usträicher-Dekorateur beschicht een d‘Maueren, d‘Plaffongen an d‘Biedem nei. Et bréngt ee Schall- a Wärmedämmungen un a präparéiert déi verschidden Ënnergrënn, fir dass d’Faarf spéider och gutt hält.

Nieft engem Pinsel an enger Faarfrull zielen ënnert anerem Spachtelen a Sprëtzpistoulen zum Repertoire vun all Usträicher. Eng roueg Hand an eng gutt Raumkonzeptioun si bei dësem Beruff wichteg, fir d‘Clienten optimal beroden ze kënnen. Ween bei restauratoresche Beräich speziell d’Geschéck weist, kann sech souguer an der Denkmalfleeg an an historesche Mol- a Lackéiertechnike spezialiséieren.

Och an a Saachen Digitalisatioun, huet sech scho vill an dësem Handwierksberuff gedoen. Esou ginn d’Raim haut zum Beispill mat spezielle Bluetooth- a Laser-Moossapparater automatesch ausgemooss. Dës Informatioune ginn dann op de Computer iwwerdroen. En 3D-Modell gëtt hiergestallt an d’Software rechent vum selwen aus, wéi vill Faarf ee brauch. Donieft leen och vill Usträicher eng digital Mapp vun engem Chantier un, amplaz eng analog aus Pabeieren.

Am boomende Bausecteur hei zu Lëtzebuerg ass den Usträicher-Dekorateur e vill gefrote Beruff. Informéier dech, wann s du dech op eng Zukunft voller Faarwe frees!


Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog