Career Upgrade

Create your future: Gëff Schräiner!

Du bass geschéckt, kreativ, technesch begaabt an hues och nach e Sënn fir Innenarchitektur? Als Schräiner entwerfs a baus du selwer Miwwelen a schaafs en Doheem, dat genau sou individuell ass wéi deng Clienten.

 

Handwierk – Mir bauen d’Zukunft!

Du hues eng Passioun fir Holz? Et ginn honnerten, villäicht souguer dausenden Aart a Weisen, wéis du dëst Naturmaterial verschaffen an traitéiere kanns. Als Schräiner bréngs du d’Holz eréischt a seng Form, an denger Kreativitéit sinn dobäi keng Grenze gesat.

Wéi sou oft bei engem Projet fänkt alles mat enger Iddi am Kapp un. Als éischt gëtt sur Place ausgemooss, da ginn d‘Skizzen a Pläng ausgeschafft – an dat geschitt haut schonn alles digital, mat deem néidegen Equipement an den néidege Softwaren. Och beim Schneide vum Holz gi speziell Maschinnen a

Programmer benotzt, déi alles gréisstendeels automatesch zouschneiden. Dono gëtt de Feischlëff mat dekorativen Elementer an Ornamenter gemaach, an zum Schluss gëtt d’Holz traitéiert, fir dass et sech och laang hält. De leschte Schrëtt ass, d’(Miwwel-)Stéck, dat op Mooss hiergestallt gouf, dem Client ze liwweren an do ze montéieren.

Als Schräiner schaffs du also virun allem am Atelier, mee awer och um Chantier. Nieft Privatopträg schaffs du och mat grousse Baufirmen zesummen a fäerdegs Holzkonstruktiounen un.

An dësem Handwierksberuff brauchs du vill Geschéck an technescht Wëssen. Och wann d’Maschinnen engem scho vill kierperlech Aarbecht ofhuelen, muss een awer eng gewësse Fitness mat sech bréngen. D’Digitalisatioun erliichtert dem Schräiner seng Tâchen enorm a féiert dozou, dass Aarbechtsofleef méi séier vun der Hand ginn. Och d’3D-Drock Technologie gëtt ëmmer méi agesat.

Mat enger Léier hues du eng zolidd Ausbildung an der Täsch. Du kanns dech dono duerch e BTS (Brevet de Technicien Supérieur) am Lycée du Nord an der Holztechnologie weider spezialiséieren. Oder mat engem Meeschterbréif op nei Erausfuerderungen a Responsabilitéiten virbereeden. Mat dësem Diplom kanns du dech selbstänneg maachen, däin eegenen Atelier grënnen a selwer ausbilden. Wourop waarts du nach? De Bausecteur brauch jonk a kreativ Talenter wéi dech!

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

Berufflech Ausbildungen

Karriären am Handwierk

Meeschterprüfung

BTS

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog