Career Upgrade

Create your future: Gëff Schlässer/Metallbauer!

Du brenns fir däi Beruff? Als Schlässer gëss du dem Metall déi kreatiivste Formen.

 

Handwierk – Mir bauen d’Zukunft!

Als Schlässer muss du dech mat Metallbau- a Schmëlzaarbechten, Metallfassaden, Gelänneren, Dieren, Fënsteren, Wantergäert, Miwwelen a villes méi auskennen. Bei Metall, Koffer oder Bronze brauchs du och verschidde Schweesstechniken, fir dës Materialien perfekt be- a verschaffen ze kënnen.

Bei engem Schlässer oder Metallbauer trëfft handwierklech Konscht op technesch Wëssen. Du gees Baustelle vermoossen, setz Pläng op a bréngs dës am Atelier vum Pabeier (oder mëttlerweil scho vum Ecran) an d'Realitéit. E Schlässer ass awer och gefrot, wann eppes muss reparéiert oder restauréiert ginn. Jee no denger Ausriichtung kanns du an dengem Beruff op d‘modern Technik zeréckgräifen an/oder als Kënschtler schaffen (z.B.: bei der Hierstellung vu Skulpturen).

Egal fir wéi eng Richtungs du dech decidéiers, als Schlässer muss du Hëtzt gutt verdroen an enger gudder kierperlecher Verfassung sinn. Du muss dech mat Mathé a speziell Geometrie auskennen a gutt am techneschen Zeechne sinn. Beim Schweessen ass nämlech absolut Prezisioun gefrot. D'Qualitéitsnormen musst du esouwuel vum Material hir, wéi vun den techneschen Toleranzen anhalen, fir dass deng Projeten konform mat der gülteger Legislatioun sinn. D’Projeten, déi s du zesumme mat denge Cliente ugees, si villfälteg a fir dës ëmzesetze, muss du och Kreativitéit a Problemsolving Skills matbréngen.

Mëttlerweil huele Maschinnen de Schlässer scho vill schwéier Aarbecht of. Et gëtt och vill mat Computerprogrammer geschafft, fir digital Pläng hierzestellen. D’Software wëssen awer zum Beispill och, wéi e Material, wou op de Chantier komme soll oder souguer, wou d‘Buerlächer an enger Metallkonstruktioun hikomme sollen. Dat alles erméiglecht e méi séiere Montage. D’Ofleef am Atelier an um Chantier ginn also ëmmer méi schnell an méi optimiséiert.

Als Schlässer kanns du eng klassesch Ausbildung (DAP), an dono de Meeschterbréif als Metallbauer maachen, fir esou selbststänneg ze ginn. Du kanns och en dualt Studium maachen an zum Beispill Maschinnebau studéieren. Esou hues du herno direkt zwee Diplomer am Grapp, eng Léier als Schlässer an e Bachelor als Maschinnebauingenieur.

 

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

· Berufflech Ausbildungen

· Karriären am Handwierk

· Meeschterprüfung

 

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog