Career Upgrade

Create your future: Gëff Metzler!

D’Metzler rocken! Si sinn Profien, déi op d’Trends an de Wonsch no Qualitéit a Regionalitéit vun hire Clienten aginn, an hir Offer deemno ëmmer erëm nei gestalten. Gëff hei méi iwwert dësen villsäitegen Handwierksberuff gewuer!

Handwierk – Esou schmaacht däin Dag!

Steak ass net gläich Steak – do si mir eis all eens. Fir Fleesch mat enger gudder Qualitéit brauch et Verschiddenes, mee virun allem, dass d’Déieren aartgerecht opgezunn a gefiddert goufen. Dono ass et um Metzler frësch, héichwäerteg „Wuer“ ze erkennen, professionell ze verschaffen an ze verkafen. Vum Déier bis zum Fleesch bei eis um Teller ass et e laange Wee, op deem een op villes oppasse muss. Em esou méi wichteg ass et, Profien ze hunn, déi sech beschtens mat dësem Metier auskennen.

Den aktuellen Trend zur Nohaltegkeet féiert dozou, dass d‘Clienten haut léiwer erëm alles verwäerten an iessen, wat vun engem Déier kënnt – esou wéi fréier, D’Metzlerhandwierk fënnt also grad rëm zu senge Wuerzelen zréck. Mee op dëse Beruff waarden nach vill weider spannend Verännerungen!

Haut  iwwerhuelen zum Beispill Maschinnen de gréissten Deel vun der kierperlecher Aarbecht. De Metzler vun der Zukunft muss sech sécherlech och mat Digitaliséierung, Chimie  an eventuell aneren Naturwëssenschaften auserneesetzen. Wichteg Theme sinn ënnert anerem d’Liewensmëttelhygiène an d’Qualitéitskontroll.

Mat enger Léier bass du gutt forméiert fir dëse Beruff auszeüben. Wien sech fir de Meeschterbréif a Weiderbildungen an dësem Beräich interesséiert, kann och international an der Liewensmëttelindustrie aktiv ginn, oder zousätzlech en Traiteurservice ubidden. Denger Kreativitéit sinn bei dësem Beruff keng Grenzen gesat. 

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog