Career Upgrade

Create your future: Gëff Land- a Baumaschinnemechatroniker!

Autoe sinn dir ze langweileg? Wann s du dech fir Motoren, technesch Circuiten an Informatik interesséiers a gären u richteg grousse Maschinne präzis a methodesch schaffs, da bass de hei goldrichteg. Gëff alles iwwert den néie Beruff vum Land- a Baumaschinnemechatroniker gewuer!

Handwierk - Mir dinn et rullen!

An der néier Karriär vum Land- a Baumaschinnemechatroniker këmmers du dech em den Entretien an d’Reparatur vun ënnerschiddlechste Gefierer a Maschinnen. An dësem technesch usprochsvollen Handwierksberuff brauchs du e Gespier fir „problem solving“, du muss Feeler a Funktiounsstéierunge vu Gefierer gären op de Grond goen. Ass net direkt festzestellen, wourun de Problem läit, muss du och ëmdenke kënnen.

Geschafft gëtt am Atelier a bei de Clienten, um Chantier an an de verschiddene Betriber. Betraff si virun allem Outilen a Maschinne vum Bau, aus der Industrie, der Land- a Forstwirtschaft, dem Wäin- a Gaardebau. Entretien a Reparatur ass awer net alles, wat zu den Aufgabe vun engem Land- a Baumaschinnemechatroniker gehéiert: Et stellt een och selwer Maschinnen, Outilen an Accessoiren hier.

Genau esou wéi bei modernen Autoe funktionéiert och bei schwéiere Gefierer hautzedaags näischt méi ouni Elektronik. Och Baggeren, Kranen, Trakteren a Méidrescheren hunn haut e Boardcomputer a mussen digital op de neiste Stand gesat ginn. D‘Grënn fir Stéierunge kënnen un der Hardware oder awer un der Software leien. Fir d‘Fehlercoden ze fannen, geet et deemno net méi ouni Computer, an dat wäert sech an Zukunft sécherlech net änneren, ganz am Géigendeel. Du brauchs also e Gespier fir dat Informatescht, niewent denge Kenntnisser an der Hydraulik, Elektronik, Pneumatik a Mechanik.

Ween Talent an dësem Handwierksberuff beweist, kann sech no senger Ausbildung, zum Meeschter weiderbilde loossen. A firwat net dono och nach weider a Richtung Maschinnebauingenieur goen?! Avis aux amateurs!

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog