Career Upgrade

Create your future: Gëff Fahrlehrer!

Du fiers net nëmme gäre selwer Auto, mee du wëlls deng Passioun mat anere Leit deelen? Als Fahrlehrer bréngs du denge Schüler bäi, wéi si sech op der Strooss verhale sollen.

Handwierk – Mir dinn et rullen!

Als Fahrlehrer ass all Schaffdag anescht: anert Wieder, aner Stroossen, aner Schüler. Fir dëse Beruff ze liewen, muss du oppen a kommunikativ sinn. Du muss dech op deng Clientë, déi meeschtens nach relativ jonk sinn, aloossen a verschidde Sproochen ze schwätzen, ass en absolutte Must. Nieft kommunikative Kompetenzen, muss du och en Talent fir Pedagogik beweisen. Als Fahrlehrer bass du net nëmmen dobaussen ënnerwee, mee du häls och Owescoursën, an deenen s du denge Schüler de Code de la Route op eng verständlech Aart a Weis vermëttels. Esou bereets du si op den theoreteschen Exame vir.

Dono kënnt de prakteschen Deel. Als Fahrlehrer muss du Gedold beweisen, ënner anerem, well s du verschidden Handgrëffer mat denge Schüler e puermol widderhuelen muss – bis se sëtzen. Op der Strooss ass et och wichteg, a kriddelege Situatioune cool ze bleiwen. Als Fahrlehrer kanns du zu all Zäit agräifen an d‘Fuerverhaale vun denge Clientë korrigéieren.

Wann deng Schüler dann de prakteschen Exame gepackt hunn, frees du dech fir si mat an et mécht dech stolz, däi Wëssen weiderginn ze hunn. An dengem Beruff hues du eng grouss Responsabilitéit. Du muss denge Clienten ëmmer e gutt Virbild sinn an esou gëss du hinnen e richtegt, defensiivt Verhalen (op der Strooss) fir nach vill weider Jore mat op de Wee. Du muss och Flexibilitéit beweisen, well deng Coursë meeschtens owes an der Woch stattfannen, an och de Weekend gi Fahrstonne gehalen.

De Beruff vum Fahrlehrer huet sech ëmmer mat der Technologie weiderentwéckelt – vum Bensin- an Dieselgedriwwenen Auto bis hin zum Elektro-an autonom fuerenden Auto. A wien weess, wat nach alles kënnt? Du kanns denge Schüler och bäibréngen, Moto oder beispillsweis Camion ze fueren. Dofir brauchs du awer selbstverständlech och selwer den entspriechende Führerschäin.

Fir Fahrlehrer kënnen ze ginn, muss du säit mindestens zwee Joer e Führerschäin vun der Klasse B hunn an op d'mannst 20 Joer al sinn. Du muss en Test (pour candidats apprentis-instructeurs de conducteurs de véhicules) beim Ministère de la Mobilité et des Travaux publics maachen a kanns dono e Kontrakt fir eng Formatioun an engem Betrib ënnerschreiwen. Dës Formatioun dauert an der Reegel zwee Joer. Hei muss du net nëmme beweisen, wéi gutt s du selwer fuere kanns, mee du muss och d’Basis vun der Automechanik beherrschen an dech mam Code de la Route zu Lëtzebuerg an am Ausland auskennen.

Am Moment gi vill Fahrlehrer, a virun allem Bedreiwer vu Fahrschoulen, hei am Land gesicht. No denger Formatioun kanns du de Meeschterbréif maachen an esou, no dräi Joer, deng eege Fahrschoul opmaachen. Wourop waarts du nach?

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

· Berufflech Ausbildungen

· Karriären am Handwierk

· Meeschterprüfung

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog