Career Upgrade

Create your future: Gëff Elektriker!

Du strotz nëmmen esou vun Energie an hues Loscht op spannend Projeten ? Dann kéint Elektriker genau de richtege Beruff fir dech sinn!

Handwierk - Mir bauen d’Zukunft!

Op Beliichtung, Verkablung, Haus-Programmatioun oder alternativ Energiegewannung – ouni den Elektriker leeft an eiser Hightech-Welt net vill. All Dag kommen nei Technologien op de Marché, déi eis Aart ze liewen an ze wunne verännere wäerten. D‘Thema „Smart Living“ ass am gaangen sech ëmmer méi ze etabléieren. Hei heescht et also, och aus professioneller Vue, au Courant ze bleiwen!

An engem „Smart Home“ zum Beispill si ganz vill verschidden Haushaltsapparater an engem spezielle System integréiert a kommunizéiere mateneen. Fir dass dës Vernetzung net nëmmen tipptopp funktionéiert, mee och sécher ass, ass et em sou méi wichteg, dass et Spezialiste ginn, déi sech mat deem Beräich auskenne – sief et fir d‘Konfiguratioun, den Entretien oder d‘Reparatioun.

 Duerch d’Automatiséierung vun de Gebaier, den Asaz vun erneierbaren Energien an d’Digitalisatioun entwéckelt sech de Beruff vum Elektriker ëmmer weider. Och d’Meeschterprüfung zum Beispill ass hei am gaange moderniséiert ze ginn a passt sech den Erausfuerderungen an den Aarbechtsprozesser vu muer un. Dës Ausbildung offréiert esou senge Kandidaten en enormt Potential un Zukunfts- a Karriärsperspektiven, déi nëmmen drop waarden ergraff ze ginn.

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!


Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

 

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog