Career Upgrade

Create your future: Gëff Couturier/Schneider!

Fashion ass deng Passioun? Als Couturier oder Schneider weess du, wat „in“ ass an du kanns deng Clienten „sur mesure“ beroden.

Handwierk – Mir setzen Trends! 

Wann s du dech fir Moud interesséiers a selwer gäre Saache kreéiers, kéint dëst de richtege Beruff fir dech sinn! Als Couturier oder Schneider keeft ee verschidde Stëfter (z.B.: aus Seid, Woll, Kotteng a Lieder) an. Fir dës Materialien a fäerdeg Kleeder ze verwandelen, brauch een eng gutt raimlech Virstellung. Huet ee bis eng Iddi am Kapp, zeechent een dës technesch als Skizz Fräihand oder an engem Zeecheprogramm. Fir Modeller ze zeechen an an d’Realitéit ëmzesetzen, geet et net duer, just kreativ ze sinn: Et muss een och gutt rechne kënnen. 

D’Stëfter ginn exakt ausgeschnidden, et gëtt natierlech (op der Hand a mat der Maschinn) gebitzt, ausgemooss, kontrolléiert a gestreckt. Bekannt Haiser aus der Moudebranche schaffen haut zum Beispill mat elektreschen Handschéieren a Streckpressen. Als Meeschter kanns du och e Fabrikatiounsprozess an enger Textilfabréck féieren. Des Weidere solls du natierlech kommunikativ sinn an op d’Wënsch vun denge Clienten agoen. Du muss dech mat aktuellen Trends auskennen, deng Clientë berode an d’Kleeder individuell op hir Figur upasse kënnen. D'individuell Moossaarbecht ass e wichtegen Deel vun dengem Beruff. E Couturier oder Schneider mécht net nëmme moudesch Kleeder, mee kleet och déi Leit schéin, déi eventuell keng ideal Figur hunn. 

Däi fäerdegt Wierk kanns du zum Beispill fotograféiere loossen an der Welt iwwer sozial Netzwierker weisen, wat s du kanns. Hautdesdaags ass d’Thema Nohaltegkeet méi wéi en Trend an dëser Branche: Ëmmer méi Betriber schaffe ganz bewosst mat nohaltege Materialien a Stëfter. Nieft Kleeder kanns du ausserdeem Accessoiren entwerfen a kreéieren. 

Wann s du Couturier oder Schneider gi wëlls, kanns du zum Beispill eng grenziwwerschreidend Ausbildung maachen oder, mat engem Meeschterbréif an der Täsch, däin eegene Betrib grënnen a selwer jonk Talenter ausbilden. Wourop waarts du also nach? 

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up! 

Berufflech Ausbildungen: 

Damenschneider (m/w) (handsup.lu) 

Herrenschneider (m/w) (handsup.lu) 

Karrieren am Handwerk

Meeschterprüfung:

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn 

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog