Career Upgrade

Create your future: Gëff Coiffeur!

E „bad hair day” gëtt et bei dir net? Du styls dech gären a bass ëmmer um neiste Stand, wat Trends ugeet? Als Coiffeur bzw. Barber deels du däi Wëssen a Saache Lifestyle a Beauty mat aneren – an dat berufflech!

 

Handwierk – Mir setzen Trends! 
 
Hoer fierwen, wäschen, schneiden, fönen – jiddereen dierft wuel déi klassesch Aufgabe vun engem Coiffeur kennen. Hannert dësem Handwierksberuff verstoppen sech eng ganz Rei vun anere villsäitegen Aktivitéiten. Soins sinn zum Beispill e grousst Thema, ob et dobäi em d‘Hoer- a Gesiichtsfleeg oder d’Manikür geet. E Beräich, deen an de lëschte Joren och ëmmer méi wichteg ginn ass, ass déi richteg Baartfleeg. Op Basis vun enger Formatioun als Coiffeur kann een och als Barber schaffen. An mat enger Meeschterkaart kann ee souguer säin eegene Barbershop oder Coiffeursalon opmaachen! 
  
Op Hären, Fraen oder Kanner – egal, op wéi eng Clientèle een sech spezialiséiert, bei dësem flotte Beruff ass et wichteg, dass een sech mat Theme wéi Moud an den aktuellste Frisurentrends auskennt. Et muss ee wuel exakt schaffen, mee et huet een als Coiffeur och ganz vill Platz fir Kreativitéit – soulaang een oppen ass an sech op d’individuell Wënsch vum Client aléisst.  
  
Grad als Coiffeur schafft een an enger immens schnelllieweger Branche. Och Trends vu Facebook, Instagram a Pinterest fannen hire Wee an de Salon. Doriwwer eraus kann een am Beschten och selwer op de soziale Medien aktiv sinn an de Clients a Follower esou weisen, wéi eng Meeschterwierker een all Dag vollbréngt.  
  
D’Digitaliséierung ass och scho längst an de Salonen zu Lëtzebuerg ukomm – net nëmme wat Marketing betrëfft. Beauty- a Styling-Videoe sinn enorm beléift an och wat d’Berodung a Saache Frisuren ugeet, wëll kee méi op de Smartphone oder Tablet als Inspiratioun verzichten. Verschidde Salone schaffe souguer mat extrae Programmer, mat deenen een sech besser virstelle kann, wéi een herno mat der neier Frisur ausgesäit – an de Rendezvous kann een sech och schonn an e puer Klicks online huelen. De Coiffeur ass deemno e Beruff mat Zukunft fir déijéineg, déi keen Trend verpassen an eng Passioun fir professionell Berodung, am direktem Kontakt mam Client hunn.

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog