Career Upgrade

Create your future: Gëff Buedemleeër!

Du bass mathematesch begaabt an hues e Sënn fir Ästhetik? Als Buedemleeër méchs du all Raum méi schéin a gesäis um Enn vum Dag, wat s du geleescht hues!

Handwierk – Mir bauen d’Zukunft!

E waarmen Holzbuedem, egal ob nei verluecht oder renovéiert, definéiert d’Ausgesinn an d’Atmosphär vun engem Raum oder souguer vun engem ganze Gebai. Als Buedemleeër ass et e klore Virdeel, wann s du „e richtegen Holzwuerm“ bass a gäre mat dësem natierlech nowuessende Baustoff schaffs! Et ginn awer och vill aner Materialien, déi een an dësem Beruff verleeë oder verschaffe kann, wéi zum Beispill Laminat, Linoleum, Kork, Design-Belag, Vinyl, Teppech oder Beton ciré.

Kee Client, keng Baustell a kee Material ass gläich. Dofir heescht et als éischt, de Client professionell ze beroden an op seng Wënsch anzegoen. Wann

d’Wonschmaterial fonnt a bestallt ginn ass, geet et ëm d’Plangen: Den Ënnergrond muss preparéiert ginn (Ënnerkonstruktiounen aus Käffere mussen heiansdo gebaut ginn), du muss ausrechnen, wéi vill Material gebraucht gëtt a wéi et muss zougeschnidde ginn, fir dass et perfekt an de Raum passt.

Genauegkeet a Kreativitéit sinn och gefrot, wann et dorëms geet, de Buedem an engem bestëmmte Muster oder mat enger bestëmmter Technik ze verleeën. Bei d’Verleeë vun neie Biedem kënnt och d‘Renovéieren – dat heescht, d’Ofschläifen (eventuell d’Afierwen) a d’Versigelen – vun alen Holzbiedem an historeschen Haiser a Gebaier. Och d’Renovatioun vun Holztrape gehéiert zu dengen Aufgaben. Wéi s du gesäis, schaffs du an dësem Beruff ëmmer am Waarmen.

Als Buedemleeër gehéieren d’Kreessee an d’Schläifmaschinn zu dengem klasseschen Equipement. Wann s du mat dëse schaffs, muss du d’Sécherheets- esou wéi d’Gesondheetsbestëmmungen anhalen. E weidere wichtegen Deel vun dësem Beruff dréint sech ëm d’Fleeg vun de Biedem – och dobäi stees du denge Clientë bei Froe mat fachlechem Knowhow zur Verfügung.

Besonnesch flott un dësem Beruff ass, dass ee säi Fortschrëtt all Dag gesäit an een engem Raum zu engem ganz neie Flair verhëllefe kann! Wann s du Buedemleeër gi wëlls, kanns du eng Ausbildung (CCP oder DAP) maachen. Och e BTS an der Holztechnologie kann dir d'Dieren zu dësem Beruff opmaachen. Mat engem Meeschterbréif an der Täsch bass du Beschtens virbereet, fir e Betrib ze féieren a kanns souguer nei Talenter selwer ausbilden. Wourop waarts du nach?

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

· Berufflech Ausbildungen

· Karriären am Handwierk

· Meeschterprüfung

 

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog