Career Upgrade

Create your future: Gëff Autos-Mechatroniker!

Du wëlls, dass alles ronn dréint? Als Autos-Mechatroniker schaffs du haaptsächlech un Autoen a Motorrieder a suergs dofir, dass se zouverlässeg funktionéieren.


Handwierk – Mir dinn et rullen!

Du hues eng Leidenschaft fir Motoren an interesséiers dech fir Informatik, Mechanik an Elektronik? Da kéint Autos-Mechatroniker de perfekte Beruff fir dech sinn! Hei schaffs du an enger Garage, mee hues natierlech och vill mat Clienten ze dinn. Als Autos-Mechatroniker gëtt virun allem eppes vun dir gefuerdert: deng Villsäitegkeet! Du brauchs e gutt, technescht Verständnis iwwert déi verschiddenste Beräicher – vum Motor zur Klimaanlag bis hin zur Navigatioun bass du de Spezialist. Et heescht also ze wëssen, wéi ee mechanesch an elektronesch Komponenten installéiert, reparéiert an austauscht.

An der Autosindustrie spillt d’Elektronik eng ëmmer méi grouss Roll, an dat net nëmmen, well déi éischt Hybrid- an Elektroautoen um Marché sinn. Och beim Entretien vun engem Bensin- oder Dieselauto ass haut ganz vill Elektronik am Spill. Fir erauszefannen, ob hei alles ronn dréit, wäerts du iwwert en Diagnose-Computer verschidde Feelermiessungen aus. Du muss awer och gutt am methodeschen Denke sinn, selwer no Feeler sichen an dës behiewe kënnen. Dës Weidere muss du dech mam Verschaffe vu Metall auskennen. Also, wéi een Material feilt, seet, riicht, miesst, buert an iwwerpréift.

Wann s du fäerdeg mam Entretien bass an all Feeler behuewen hues, gëtt am allgemengen eng Prouffaart gemaach. Natierlech stees du denge Clienten och bei Urgencen zur Säit an depanéiers si. Och d’Digitalisatioun fënnt ëmmer méi hire Wee an d’Garagen, well haut ass ett meeschtens scho méiglech, online e Rendezvous ze huelen a mat e puer Klicks genau unzeginn, firwat een den Auto an d’Garage bréngt. Bei verschiddene Marken a Modeller hëlt mëttlerweil souguer den Auto selwer Kontakt zur Garage op, wann et zum Beispill Zäit fir eng Revisioun gëtt.

Well sech an der Autosbranche alles immens schnell verännert, wéi zum Beispill d’Aféierung vum Elektroauto, ass et wichteg, ëmmer au Courant ze bleiwen an sech weiderzebilden. Fir Autos-Mechatroniker ze ginn, kann een eng klassesch Ausbildung (DAP) oder en Techniker-Diplom (DT) maachen. Ween de Meeschterbréif mécht, kann domat souguer seng eege Garage opmaachen, jonk Talenter selwer ausbilden an astellen.

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog