Career Upgrade

Create your future: Gëff Autos-Lackéierer!

Du hues e Faibel fir schéin Autoen? Als Autos-Lackéierer kanns du déi ënnerschiddlechste Modeller tunen an hinnen e ganz spezielle Faarftouch ginn.

Handwierk – Mir dinn et rullen!

D’Optik muss einfach stëmmen. Am Autolack dierf keng Schréips, kee Faarfënnerscheed an och soss keng “Imperfektiounen” ze gesi sinn – e perfekt Resultat, dat ass d’Konscht vun engem Autos-Lackéierer. Mee net nëmmen d’Uewerfläch vu Gefierer, och d’Karosserie spillt an dësem Beruff eng wichteg Roll. Reparéieren, verbotzen, grondéieren, schläifen, lackéieren a poléieren – dëst gehéiert mat zu dengen Aufgaben an enger Garage.

Als Autos-Lackéierer muss du technesch an handwierklech Kënne beweisen an dech gutt mat Chimie a Mathé auskennen, du muss e Grondverständnis fir de Montage vun de verschiddene Gefierer hunn, esou wéi d’Zesummesetzung vun de verschiddene Lacker a Faarwen beherrschen. Du muss zum Beispill Devisë fir déi verschidde Projeten opstelle kënnen, a fir e bestëmmte Faarftoun erauszekréien, muss du d’Undeeler selwer berechnen, obwuel d’Technik an d’Software engem haut och schonn dobäi hëllefe kann.

Och wann s du mat der Lackéierpistoul an der Sprëtzkabinn schaffs, ass absolut Prezisioun a Schnellegkeet gefrot! Nëmmen esou kann een dat beschtméiglech Resultat kréien. Besonnesch flott um Beruff als Lackéierer ass, dass kee Projet wéi deen aneren ass. Et huet ee vill Ofwiesslung an et gesäit een all Dag de Fortschrëtt, deen een un engem Auto oder engem anere Gefier gemaach huet.

Duerch d’Digitaliséierung gi vill Maschinnen a Softwaren agesat. Ëmmer méi oft kommen och Roboteren zum Asaz, déi di verschidde Lackschichten automatesch opdroen. Dëst ass awer éischter an der Industrie de Fall. Mee souguer, wa mat Robotere geschafft gëtt, ginn Experte gebraucht, déi d’Saach observéieren an sech am Beräich auskennen.

Lackéierer ass ee mat Leif a Séil, an esou ass et dann och ëfters de Fall, dass dës Profien och nach an hirer Fräizäit un Autoe schaffen an esouguer op der ganzer Welt un Tuning-Competitiounen deelhuelen, fir ze weisen, wat si alles kënnen. Fir Lackéierer ze ginn, kanns du zum Beispill eng klassesch Ausbildung, en DAP maachen. Wann s du nach weidergoen wëlls, kanns du ausserdeem de Meeschterbréif maachen, esou däin eegenen Atelier opmaachen a jonk Leit an dësem Beruff forméieren. Oder awer mat denger Erfarung bei bekannten Autosmarken op der ganzer Welt schaffen, déi ëmmer erëm no top forméiertem Personal sichen.

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

· Berufflech Ausbildungen

· Karriären am Handwierk

· Meeschterprüfung

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog